Non représentation d’enfant: le courrier adressé à Monsieur le Ministre de la Justice resté sans réponse donne lieu à une question parlementaire

Har Président,

Sou wéi d’Chambersregiement et virgesäit, bieden ech iech, dës pariamentaresch Fro un den Här Justizminister weiderzeleeden.

Den Europaesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet den 13. Dezember 2013 am Fall Nicolo Santilli géint Italien dat Land veruerteelt well et den Artikel 8 vun der Mënscherechtskonventioun verletzt hat. Et ass hei konkret em e Fall gaang wou, an enger Scbeedungssituatioun, e Papp säi Besuchsrecht wéinst dem Behuele vun der Mamm bal net konnt ausüben, an dat obschonns e puer Décisioune vu Geriichter zu senge Gonschte virlouchen. D’Mamm bat ocb probéiert d’Kand géint de Papp opzestëppelen.

D’Geriicht buet ënnerstrach, datt e Staat och « obligations positives inhérentes à un respect effectif de la vie privée ou familiale » huet an huet déi Tatsaach a sengem Uerteel ëmfaassend interpretéiert. E Staat däerf net zouloossen, datt sech eng Situatioun astellt déi Décisioune vu Geriichter onwierksam mécht.

« 75. Les autorités ont ainsi laissé se consolider une situation de fait installée au mépris des décisions judiciaires, alors même que l’écoulement du temps avait à lui seul des conséquences sur la relation du père avec son enfant (Lombarde, précité, § 92). La Cour constate que l’existence de tensions graves entre les parents de l’enfant, suivie d’un droit de visite limité du fait du non-déroulement des rencontres programmées selon les modalités prévues et de la non-exécution des décisions ordonnant un parcours thérapeutique pour l’enfant, a rendu impossible pour le requérant la construction d’une relation stable avec Y.

76. Eu égard à ce qui précède et nonobstant la marge d’appréciation de l’État défendeur en la matière, la Cour considère que les autorités nationales n ‘ontpas déployé les efforts adéquats et suffisants pour faire respecter le droit de visite du requérant et qu ‘elles ont méconnu le droit de l’intéressé au respect de sa vie familiale garanti par l’article 8 de la Convention.

77. Partant il y a eu violation de cette disposition. »

Dowéinst wollt ech dem Här Justizminister dës Froe stellen:

1. Ass den Här Justizminister der Meenung, datt dëst Uerteel Inzidenzen op d’Ausübung vum Besuchsrecht hei zu Lëtzebuerg huet? Wa jo, wat fir eng?

2. Ass den Här Minister bereet scho kuerzfristeg rechtlech Moossnahmen ze huelen respektiv ze proposéieren fir d’Ausübung vum Besuchsrecht zu Lëtzebuerg besser ze garantéieren a Behënnerungen vum Besuchsrecht efficace ze sanktionéieren?

3. Ass den Har Minister bereet, sou wéi den Artikel 19 vum „Code d’Instruction criminelle” et virgesäit, de Parquet opzefuerderen Fäll vun «non-représentation d’enfant” direkt a systematesch ze verfollegen an dat am Interessi vum Kand an am Respekt vun de Mënscherechter vun dem Elterendeel den d’Garde net huet?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Comments

Leave a Reply