Droit de Visite: Felix Braz répond à une question parlementaire de Fernand Kartheiser

Réponse du Ministre de la Justice:

De Justizministère stellt fest datt dat Urteel géint Däitschiand vum europäesche Geriichtshaff fir Menscherechter ganz rezent ass an huet et zur Kenntnis geholl.

Déi virecht Regierung huet den 11. Abrëlj 2008 e Gesetzprojet iwwert d’responsabilité parentale an der Chamber deposéiert. Do ass virgesinn, am Intérêt vum Kand eng Egalitéit an de Rechter vun deenen zwee Elteren ze schafen. D’Regel gëtt e gemeinsamt Ausüben vun der autorité parentale, ausser a grawe Fâll.

Am Moment schaffen d’Servicer vum Justizministère un enger fundamentaler Reform die esouwuel die gemeinsam elterlech Rechter konsakréiert fir all Elteren an fir all Situationen, wie och d’Schafen vun de sougenannten „ JAF ”  d.h juge aux affaires familiales, fir d’Prozeduren fir Rechter vun den Kanner an och den Elteren ze vereinfachen an méi schnell ze man .

La question parlemenatiaire de Monsieur Fernand Kartheiser:

Den europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet am Fall vun enger Koppel, déi iwwer d’Emgangsrecht vum Papp gestridden huet, d’daitsch Justiz gerügt. D’Gesetzer hätte Lacunen an d’Rechter vum Papp géingen an Däitschland net konsequent genuch verdeedegt ginn. D’Geriicht huet gefuerdert, mat Geldstrofen d’Recht vum Papp duerchzesetzen, an d’Prozeduren viru Geriicht méi kuerz ze maachen. Duerfir meng Froen un den Har Justizminister:

  1. Ass dat Urteel vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter hei zu Lëtzebuerg zur Kenntnis geholl ginn?
  2. Denkt den Har Minister drun, d’Lëtzebuerger Gesetzer am Liicht vun dësem Stroossbuerger Urteei unzepassen?

Fernand Kartheiser: Question Parlementaire N° 845

Felix Braz: Réponse à la Question Parlementaire N°845

Comments

Leave a Reply