Den Unterrechtsminister Claude Meisch wëll d’Elteren méi an d’Educatioun vun hire Kanner mat abezéien.
“Ma dann awer déi zwee Elterendeeler gläichberechtegt”, seet d’Associatioun “Elteren getrennt”, déi sech fir d’Rechter vun deene Mammen a Pappen asetzt, déi keng Gardevun hire Kanner hunn.
Dacks nämlech missten déi Elteren dem fréiere Partner nolafen, fir d’Schoulresultater vun hire Kanner gewuer ze ginn. An dofir hätt d’Associatioun gäre vum Minister Meisch, datt d’Schoulen ëmmer déi zwee Elterendeeler informéieren.
Fir de President vun “Elteren Getrennt”, de Romain Schroeder, ass et méi d’Regel, wéi d’Ausnahm, datt een Elterendeel deem aneren wichteg Informatiounen virenthält.
Vill Membere géife sech an deem Sënn bekloen. An der Schoul géife se gesot kréien, datt si kee Recht op déi Infoen hunn.
Dobäi hätten déi zwee Elterendeeler ee Recht op déi Informatiounen – ob se elo d’Garde hunn oder net. Gesetzlech wier d’Schoul verflicht déi 2 Elteren
z’informéieren, ma dat wier net an der Mentalitéit verankert.
Den Appell un de Minister Claude Meisch wier dofir deen heiten: D’Léierpersonal an de Schoulen soll an enger Direktive rappeléiert ginn, datt si béid Elteren
z’informéieren hunn. Och d’Informatik misst geännert ginn, datt een pro Kand d’Optioun huet, 2 Adressen anzeginn.
Den Minister huet och schonn op een éischte Bréif vun der Associatioun reagéiert. Et misst een déi “praktesch Konsequenzen” vun dëser Fuerderung analyséieren, fir valabel Prozeduren ausschaffen ze kënnen, heescht et an der Äntwert vum Minister.
Fir den Romain Schroeder dierft dat net allze schwéier ginn. Et misst jo näischt un der gesetzlecher Basis geännert ginn.
Accès à l’article sur rtl.lu concernant le droit à l’information du parent gardien.
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.